Eng Wunneng fannen

Dir sidd grad geplënnert oder changéiert är Adress an nächster Zukunft? Hei  eng kleng Lëscht mat de Formalitéiten déi dir bei engem Changement d’Adresse erfëlle musst.

Wéi soll ee sech uleeën fir seng zukünfteg Bleif ze fannen ?

Dir sidd am gangen no enger neier Wunneng ze kucken? Eng nei Bleif ze fannen an dat ugepasst un eng ideal Laach, e gewësse Budget, ouni all d‘Renovatiouns Aarbechten ze vergiessen an dann och nach genuch Zäit hunn fir all d’Visiten … Esou vill Facteuren a Critèren déi ee muss beuechten. Hei e puer Tipps an praktesch links déi iech bei ärer Sich hëllefen :

  • Dir kennt zum Beispill op déi verschidde professionell Immobilië Sitë kucke goen :  Athome.lu, Wortimmo.lu, Immtop.lu oder Habiter.lu
  • Dir kënnt awer och direkte Kontakt mat den Immobilien Agencen ophuelen
  • A wann dir vum Ausland aus hei zu Lëtzebuerg Immobilië sicht, kënnt dir iech och un Relocalisatiouns-Firme wenden.

En anere Rendez-vous deen dir op kee Fall verpasse sollt ass déi alljährlech Semaine Nationale du Logement an der Luxexpo. Do fannt dir mat Sécherheet all d’Infoen déi dir fir d’Locatioun, de Kaf, de Bau oder d’Renovatioun vun ärer Immobilie braucht.

Wat fir Hëllefe vum Staat betreffen iech?

Vergiesst net, wann dier bis eng nei Wunneng fonnt hutt oder souguer während der Sich, iech iwwert déi verschidde Hëllefe vum Staat ze renseignéiere, vun deenen dier beim Bau, dem Kaf, der Renovatioun oder der Locatioun vun engem Haus oder Appartement kéint profitéieren.  

Déi verschidde Méiglechkeeten déi et an deem Beräich ginn, fannt dir hei: 

 

Eng Wunneng jo, mee zu wat fir engem Präis ?

Dir wëllt eng Iddi vun den Immobilie Präisser zu Lëtzebuerg ? Da konsultéiert déi interaktiv Kaart vum Observatoire de l’Habitat. Dës Kaart ass eng relativ nëtzlech Kaart déi di ugewannte Präisser vun de Gemengen a Relatioun sëtzt mat der Zäit déi ee brauch bis an d’Stad (mam Auto a mam ëffentlechen Transport).

Um Site vum Observatoire de l'Habitat fannt dir och nach aner Informatiounen, wéi zum Beispill, déi enregistréiert Präisser vum Verkaf vun Appartementer an de verschiddene Gemengen oder déi ugekënnegt Präisser vun de Loyer'en.

Gutt ze wëssen!

D’Banke proposéieren iech am allgemengen Immobiliekreditter mat entweder engem fixen Taux oder engem variabelen Taux, déi eng Dauer tëschent 10 an 20 Joer hunn, heiansdo kennen se souguer bis zu 30 Joer lafen.  

Fir är Famill ofzeséchere gëtt de Prêt meeschtens vun enger Assurance Solde restant dû begleed, déi de geléinte Betrag ofséchert.

D’Débiteur-Zënsen déi am Kader vun engem Immobiliekreditt bezuelt goufen, fir eng Immobilie ze finanzéieren déi als Haaptwunnsëtz genotzt gëtt, kennen wann och limitéiert, vun de Stéieren ofgesat ginn. 

Falls dir eng Wunneng wëllt finanzéieren dann zéckt net ee vun eise Raiffeisen-Beroder ze kontaktéieren, deen iech mat prakteschen Infoen a nëtzleche Rotschléi par Rapport zu de verschiddene Finanzement-Méiglechkeeten zur Säit steet an deen iech och beréit fir eng Hëllef beim Staat unzefroen.

 

Egal wat fir en Type vu Wunneng dir och sicht, mir wënschen iech bonne Chance an hoffen dass dier äert Gléck séier fannt!