Fir déi 3. Kéier noeneen ass d’Banque Raiffeisen houfereg zesumme mat den Domaines Vinsmoselle d’Ausstellung « Art & Vin » dierfen ze organiséieren.
Dëst Joer stellt Art & Vin 26 Konschtwierker vun zwee Artiste vu verschiddenen Nationalitéiten aus an dat ënnert dem haut Patronnage vun der Ambassade vun der Tschechescher Republique zu Lëtzebuerg.
D’Tschechin IVA MRÁZKOVÁ, mat senge Biller an de Lëtzebuerger GÉRARD CLAUDE, mat senge Skulpturen am Holz, entféieren iech op eng artistesch Zäit Rees wou si un déi gemeinsam Vergaangenheet tëschent der Tschechescher Republique a Lëtzebuerg erënneren.
Wou kann een dës Ausstellung besichen ?
D’Konschtwierker vun dësen zwee Artiste sinn am Haaptgebai vun der Banque Raiffeisen op 4, rue Léon Laval L-3372 zu Leideleng ausgestallt.
Bis wéini kann een des Wierker kucke goen ?
Art & Vin 26 ass vum 18. Mäerz bis de 6. Abrëll während de Schaffdeeg vun 8.00 bis 17.00 Auer fir de Publikum op.
Wat sinn d’Tariffer ?
D’Ausstellung ass gratis an accessibel fir jiddereen, grouss a kleng.
Dofir, zéckt net laang a kommt laanscht fir d’Biller an d’Skulpture vun dësen zwee Artisten ze bewonneren!