Ass d'Steiererklärung wierklech esou e Kappzerbrieches?
All Joer taucht dee selwechte Problem op: Wei fëllt een seng Steiererklärung richteg aus? Keng Panik et ass méi einfach wéi ee mengt!
Et gëtt méi wei eng Méiglechkeet fir sech hëllefen ze loosse mat der Steiererklärung: Et ginn Internet-Site, Steier-Guiden, Formatiounen iwwer d’Steiererklärung, professionell Berodung, asw.
Op folgenden Internet-Site kennt dir iech zum Beispill Informéieren:
- Declaratioun fir d’Steiererklärung, Modell 100
- Administration des contributions directes
- Guides des Impôts
Wien muss schlussendlech eng Steiererklärung maachen?
Dat si ganz einfach déi Awunner vum Grand-Duché déi vun der Steierverwaltung dozou opgefuerdert gi si fir eng Steiererklärung auszefëllen.
Dat ass am generellen d’Fauschtregel. Allerdéngs si Persounen, deenen hiert Akommes eng gesetzlech festgeluechte Limite iwwerschreit och der Steiererklärung ënnerstallt. Wëllt dir méi detailléiert Informatiounen iwwert dat Thema?
Op guichet.lu fannt dir eng ganz Rei un Informatiounen déi iech sécher nëtzlech wäerte sinn.
Si Frontalieren och betraff vum der Lëtzebuerger Steiererklärung?
Ee Frontalier muss seng Steiererklärung an deene folgende 4 Fäll och zu Lëtzebuerg ofginn:
- Säin Akommes wat ze besteieren ass, ass méi héich wei 100.000 €
- De Frontalier ass bestuet a säi/seng Partner/in bezitt och en Akommes zu Lëtzebuerg
- De Frontalier kritt zwee verschidden Type vun Akommes (zwou Hallef-Tâchen, de gewéinleche Revenu zesumme mat engem Complément vun der ADEM, asw.)
- De Frontalier huet aner Revenuen déi méi héich si wei 600 €, déi net besteiert musse ginn.
Wat een einfach muss verhalen ass dass d’Frontalieren hier Steiererklärung net obligatoresch zu Lëtzebuerg areeche mussen.
An och falls dir eng Steiererklärung ausstellt obwuel een net bréicht, wäert d’Steierverwaltung ni Sue vun iech verlaangen, well dir jo a priori net dervu betraff sidd.
Haalt den Datum an, op deem dir d’Steiererklärung musst areechen !
Opgepasst : Är Steiererklärung soll normalerweis fir den 31. Mäerz 2016 beim Steieramt eragereecht ginn. Falls dir dësen Delai net anhalt, kéint et méiglech sinn, dass dir e Steier-Supplément oder eng Strof musst bezuelen.
Wann dir awer eng Verlängerung vum offiziellen Delai braucht, kennt dir am Viraus eng offiziell Ufro un dat zoustännegt Steieramt schécken.
Eng Steiererklärung auszefëlle kann heiansdo ganz interessant sinn, och wann een elo net direkt derzou opgefuerdert gëtt, wëll verschidde Finanz-Produit’en si steierlech ofsetzbar.
A wann dir interesséiert sidd fir är Steiere vun 2016 ze optimiséieren da proposéiert iech d’Banque Raiffeisen verschidde Produit’en mat deenen dir, enger Säits vun interessante Steier-Reductioune kennt profitéieren, an anerer Säits och eng zolitt finanziell Reserve fir d’Zukunft opbaue kennt.
Falls der nach weider Infoen heizou braucht, da gitt laanscht an ärer Raiffeisen Agence, kontaktéiert äre perséinleche Raiffeise Beroder oder surft laanscht op www.raiffeisen.lu.