En ass kreéiert gi fir d’Navigatioun an d’Utilisatioun ze verbesseren. Mat sengem einfachen a modernen Design passt e sech ouni Problem un all Apparat un: Computer, Tablette oder Smartphone. Dir kommt direkt un all déi Informatiounen déi iech interesséieren, iwwert verschidde Beräicher wéi: „Privat Client’en“, „Entreprisen“, „Jonk Client’en“ a „Raiffeisen Memberen“. Sou kritt dir e Menu proposéiert deen un äre Profil ugepasst ass.
D’Homepage vun ärem Internet Banking ass 24 Stonnen op 24 an all Dag iwwert déi verschidde Säiten vum Internet Site zougänglech, an zwar an deems dir op den „R-Net Knäppchen“ uewen am rietsen Eck klickt.
Duerch méi Interaktivitéit a vereinfachten Accès un d’Kontaktformulare kennt dir är Bank méi séier kontaktéieren.
Entdeckt eisen neien Internetsite op www.raiffeisen.lu
Mir hoffen d’Navigatioun gefält iech a wënschen iech eng agreabel Lecture.
Vill Spaass beim surfen!