De 25 Februar, hunn d’Banque Raiffeisen an POST hier Partnerschaft offiziell annoncéiert. Fir déi Unioun ze feieren, huet d’Banque Raiffeisen decidéiert en online Concours ze lancéieren !
De Prinzip ass méi wéi einfach! Et muss ee just luusseg denken an eraus fanne wei vill 2 Cents Stécker an déi 2 Spuerschwéngercher (déi hei uewen um Bild zegesi sinn) era passen.
Wéi kann ee matmaachen ?
- Gidd vum 4. bis 18. Mäerz op eis Facebook Säit.
- Kommentéiert einfach ënnert de Post vum « Spuerschwéngercher » Gewënnspill wei vill 2 Cents Stécker datt dir mengt an déi 2 Spuerschwéngercher vu Raiffeisen a POST geheien ze kennen.
An d’Gewënner sinn…, déi 3 Spiller déi déi genau Zuel un 2 Cents Stécker erausfonnt hunn déi an déi 2 Spuerschwéngercher passen oder, wann net, déi Zuel déi am nosten vun der korrekter Zuel drun ass.
Gutt ze wëssen : d’Spuerschwéngercher sinn an all eisen Agencen disponibel. Zéckt net fir ee Spuerschwéngche sichen ze goen a probéiert är Chance !