Molconcours – Prix du public

Internet- an Facebook-Benotzer, Dir gitt opgeruff vum 26. Mee bis de 14. Juni fir äert d'Lieblingsbild ofzestëmmen !

De Concours

Den Publikum-Präis vum Molconcours ass en online Concours deen all Joers rëm zu stane kennt op der Facebooksäit vu Raiffeisen. En erlaabt der grousser Öffentlechkeet (Facebookbenotzer, Frënn an der Famill vun deene jonken Artisten) fir hier Lieblingszeechnung ze stëmmen an sou kann deen ausgewieltene Gewënner flott Präisser ofstepsen.

D’Biller déi an der Selektioun vum Prix du Public sinn, sinn duerch en Nationalen onofhängege Jury erausgewielt ginn, no folgende Kritären:

  • Wettbewerbsbezug
  • Gestaltung
  • Inhalt
  • Eegestännegkeet
  • Originalitéit

Wéi kann een ofstëmmen ?

All Persoun (Facebookbenotzer) kann eng Kéier pro Zeechnung wielen, mee fir souvill Zeechnunge wéi en wëll. En Vote bedeit en « J'aime » ob d'Zeechnung ze verginn an dëst ob eiser Facebooksäit wou de Concours och stattfënnt. All Wieler ass automatesch un der Verlousung mat dobäi fir Kinosticketen ze gewannen.

D'Gewënner

Déi 3 Participanten déi di meeschte Likes krute pro Kategorie sinn déi glécklech Gewënner !

Wielt vu lo un bis de 14. Juni nach mat ob eiser Facebook-Säit !