Charel de IV - eng vun deenen groussen dynasteschen Figuren vum Mëttelalter
Charel den IV (1316-1378), Graf vu Lëtzebuerg, Kinnek vun Bohême an Keeser vum romanesch germaneschen Saint-Empire, gehéiert zu deenen héchsten Landesfürsten vun senger Epoque.
Politesch, fläisseg an duerchsetzungsfäeg dat sinn d'Wierder déi den Charel den IV am beschte beschreiwen. Mee en war virun allem awer och en einfache Mann dee mat deenen nämmlechten deegleche Problemer konfrontéiert war wéi jiddereen. Geprägt vun der däitscher, franséischen an italienescher Kultur, e war en wierklechen Europäer. Während senger ganzer Herrschaft goufen des Charaktereigenschafte bestätegt an bis haut gëtt en als ee vun deene groussen dynastesche Figure vum Mëttelalter ugesinn.
Charel den IV war kee gerengegste wéi dem Jang de Blannen séin Fils, en äusserst ritterleche Personnage aus dem 14. Jorhonnert, deen och d'Schueberfouer aus dem Joer 1340 gegrënnt huet. Dës grouss alljährleche Kiermess fënnt nach haut zu Lëtzebuerg statt.
Konschtausstellung besichen – Wou an Wéini ?
D'Ausstellung erzielt bildlech d'Liewen an d'Herrschaft vum Charel den IV an ass zougänglech fir den Public vum 1. Juni bis den 31. Juli 2016 abegraff, während den Wochendeeg vun 8.00 Auer bis 17.00 Auer am Siège vun der Banque Raiffeisen op der Adresse 4, rue Léon Laval L-3372 Leudelange.
Wat ass den Antrëttspréis ?
D'Ausstellung ass gratis an zougänglech fir jiddereen ouni Altersbeschränkung. Flott Noriicht nee ? Also sieft virwëtzeg an zeckt net fir en klengen Tour ob eis Ausstellung maachen ze kommen !