Vu wou kennt d’Traditioun vum 23. Juni iwwerhaapt ?
Ufanks gouf den Nationalfeierdag dofir gebraucht fir dem Kinnek säin Gebuertsdag ze féieren. Hautdesdaags ass et net alleng dat wat déi ganz lëtzebuergesch Populatioun dozou bréngt aus dem Haus ze goen.
Eréischt säit d'Groussherzogin Charlotte regéiert (vun 1919 bis 1964), ass den Nationalfeierdag opkomm. Doduerch, dass hire Gebuertsdag ob den 23. Januar fält, gouf 1962 deen Datum verréckelt fir dass déi ganz Lëtzebuerger Populatioun ka mat feieren.
Säit deem de Groussherzog Jean den Troun iwwerholl huet, gëtt dësen Dag nach ëmmer geféiert an all Joers mat vill Freed erëm. U sech geet et mat der grousser Féier schonn een Dag virdrun un. Wou sech all d'Awunner um 16.00 Auer an der Staat treffen.
D’Feierlechkeete vum Virowend
No dem Fakelzuch an dem Freedefeier dat bei der Buerg Thüngen am Park vun den Dréi Eechelen ugezündt gëtt, fänkt déi grouss Féier dann offiziell un. All déi ëffentleche Platzen an der Staat ginn animéiert mat Concert'en a mat DJ'en. En exzeptionellen Event wourops besonnesch déi jonk Awunner sehnlechst drop waarden. Un dësem Owend bestëmmt d'Freed, d'Ausgeloossenheet an d'Musek d'Liewe vun der Haaptstad : ob allen Platze ginn et Concert'en, Orchesteren a Stroossemuseker. D'Caféen organiséieren hier Soiréeën alleguer dobaussen a Plaatz wei gewinnt dobannen an hire 4 Wänn. Während dësem Owend ass alles anescht wéi gewinnt an dass och gutt sou !
A wat leeft den Dag selwer?
Den 23. Juni am Laf vum Virmëtteg, fënnt dann déi offiziell Zeremonie an der Philharmonie vun der Staat Lëtzebuerg statt, suivéiert vun 21 Salut Schëss vum Fetschenhaff aus. Bei der traditioneller Militärparade, déi dono an der Avenue de la Liberté oofgehalen gëtt, marschéiert de Grand-Duc virun den Truppen. Am Nomëtteg gëtt dann den Te Deum an der Kathedrale Notre-Dame zu Lëtzebuerg gesongen.
Op dir zu deene gehéiert déi just fir d’Freedefeier an d’Stad ginn, fir de Fakelzuch kucken ze goen oder fir esou richteg ze feieren … mir wënschen iech all e schéinen Nationalfeierdag!