Foire Agricole 2016

Et ass nees esou wäit, déi alljährlech Foire Agricole steet erëm virun der Dier a gëtt iech Rendez-vous vum 1. bis den 3. Juli zu Ettelbréck.

Wat ass d’Foire Agricole eigentlech?

Schonn zanter Joeren organiséiert d’Stad Ettelbréck d’Foire Agricole (FAE) déi eng eenzegaarteg Geleeënheet ergëtt fir d’Lëtzebuerger Landwirtschaft an de Mëttelpunkt ze réckelen.

Dës Foire ass de Rendez-vous fir all déi Professionell aus de Secteure vun der Landwirtschaft, dem Wäibau, der Gäertnerei aus Lëtzebuergesch an all déi aner Secteuren déi dorun erukommen, wei de Secteur vum Agroalimentaire an der Biochimie.

D’Lëtzebuerger Produit’en sti besonnesch am Mëttelpunkt an et gëtt och drop Opmierksam gemaach wéi wichteg et ass lokal a regional anzekafen an ze verbrauchen.

Ween geet op d’Foire?

Nieft all de professionellen aus de verschidde Secteuren si virun allem d’Kanner vun dësem Event begeeschtert : Si entdecken hei wéi eis lokal Produkter hirgestallt ginn a kennen d’Déiere bewonneren an heemelen.

D’Banque Raiffeisen ass och op der Foire Agricole

Wéi all Joer ass d’Banque Raiffeisen och mat engem Stand op der Foire. D’Bank ass scho säit ëmmer ganz besonnesch un dëse Secteur attachéiert an ënnersteet och weider hin ëmmer erëm gäre lokal Betriber.

Falls dir elo schonn Informatiounen zu Finanz Produit’en fir Betriber braucht da gitt ob eisen Internet Site oder kontaktéiert äre Raiffeisen-Beroder an enger vun eisen Agencen.